PIPAPOTER

Du hues Froen zu Drogen, Sex a Party? Du stells däi Konsum a Fro oder wëlls méi sécher feieren? Du frees dech wat genau an denger Tiichten dran ass a wëlls deng Drogen mat manner Risiko huelen? Dann komm laanscht mat eis pipapoteren.

All Dënschden vun 16:00 bis 20:00 Auer bidden mir en Espace wous du eis kanns deng Froen stellen, Safer Use a Safer Sex Informatiounen a Material kanns kréien an deng

Drogen checken loossen. Gratis, anonym a fräi vu Jugement.

Du hues ee wäisst Pudder a wëlls sécher goen dass et dat ass wats du kaft hues? Du wëlls wëssen wéi staark deng Pëll wierklech ass an a wéivills du se kanns deelen?

Dann loos deng Drogen checken!

Mir huelen e puer Milligram vun denger Substanz an schécken se an de Staatslabo wou genee kann analyséiert ginn wat a weivill dovun dran ass. Du kanns deng Resultater nach

virum Weekend kucke goen an entscheeds dann selwer op a wéis du wëlls konsuméieren. All Informatioun hëlleft dir däi Konsum méi secher ze maachen.

Komm laanscht mat eis pipapoteren. Permanence all Dënschden vun 16-20 Auer oder all aaneren Dag op RDV. 

Mell dech iwwert:  +352 26 540 524-69 , pipapo@4motion.lu , Messenger, Instagram oder benotz de Book Now Button op eiser Facebook Säit.